Eisen Site ass nees online!

Pit Weber Allgemeng

Hallo léif Memberen, Partneren a Frënn vum LST. Eisen neie Site ass endlech online. Wéi ee gesi kann, huet eis Säit elo en modernt Ausgesinn an ass och méi iwwersichtlech.

Den Site ass awer nach net ganz fäerdeg, am Laf vun den nächsten zwou Woche wäerte mir e puer Scheinheetskorrekture virhuelen, Schreiffeeler iwwerpréiwen a verbesseren, feelend Saache bäifügen an och nach déi eng oder aner néi Funktioun, wéi zum Beispill en Eventkalennert, bäifügen.

Um Site wäerte mir iech reegelméisseg iwwer Neiegkeeten am LST informéieren an och déi neisten Events matdeelen. Zudeem huet de Site och Aufgab déi zukünfteg Memberen iwwert den LST ze informéieren an eng éischt Ulafstell fir Informatiounen ze bidden.

Et kann een eis och iwwert de Kontaktformular um Site areechen oder wéi gewinnt eis eng Mail op comite@lst.lu schécken.

Mir hoffen de Site gefält iech an dir fannt alles wat der braucht.

Äre Comité