LST Vakanz 2018

Pit Weber Events, Informatioun

Léif Memberen, mir vum Comité hunn Freed iech matdeelen ze kennen, dass den LST och dëst Joer nees an d‘ Vakanz geet. Déi lescht Joren hunn mir Prag, Hamburg an Berlin besicht an dëst Joer geet et op Amsterdam 😀

Geplangt ass eis Vakanz an der Päischtvakanz vum 22.05 bis de 25.05. Dohanne wäerte mir an enger Jugendherberg schlofen an am Dag och vill flott Aktivitéiten hunn bzw. Saache kucke goen. Owes gi mir natierlech ëmmer gutt Iessen an och bis an de freie Moien op den Tour. Als Transport fir dohinner, fuere mir mat verschiddenen Autoen oder/an mam Zuch. Wat kascht de ganze Spaass dann iwwerhaapt? Käschte fir Jugendherberg + Aktivitéite sinn 180€ an do kommen natierlech och nach Käschte fir den Transport dobäi jee nodeems ee mam Auto oder mam Zuch fuere well.

Et si 16 Platze fräi an umelle kann een sech bis den 1. Mee per E-Mail op comite@lst.lu mam Betreff vun der E-Mail „Umeldung Vakanz 2018 Virnumm Numm“
An der Info soll Folgendes dra stoen:
Ären Numm, är Email Adress, ären Gebuertsdatum an op dir wëllt mam Auto oder Zuch fueren (dir kennt och gären ugi wann dir iech als Chauffer mat ären Auto zu Verfügung stellt.

Den detailléierte Plang vun der Vakanz kennt deemnächst no a bei Froe kennt dir iech un ee vum Comité wenden oder eng Mail op comite@lst.lu schécken.

Hei kommt dir op den Facebook-Event