Iwwert den LST

Eng Plaz fir aktuell oder fréier Lëtzebuerger Studenten zu Tréier fir ze braddelen, diskutéieren, fluchen, freeën oder sech iwwert den LST an seng Aktivitéiten ze informéieren. Den LST ass een flotten an onkomplizéierte Veräin vun an fir Lëtzebuerger Studenten, déi regelméisseg eppes zesummen ënnerhuelen, déi dir hëllefen kennen fir dech op der Uni zu recht ze fannen an mat deem een vill Spaass zesummen huet.

Eisen Veräin gouf 1979 gegrënnt an huet säitdem Ziel all den Lëtzebuerger déi zu Tréier studéieren oder op Tréier studéieren wëllen kommen, ze hëllefen bei Froen zu hirem Studium oder och zum Wunnen an Liewen zu Tréier. En weidert Ziel vum LST ass et natierlech och fir Studenten flott Aktivitéiten an Partyen ze plangen an organiséieren sou dass den Studium ni langweileg gëtt an een och e bëssen Ofwiesslung vum leieren huet.

Op der Uni selwer sinn mir als Hochschullgruppe ugemellt an hunn domat och en gudden Drot zur Uni mat deenen mir schonn vill gemeinsam Projeten plangen konnten. Och bei der ACEL sinn mir Member an kennen iech sou ëmmer um neisten Stand halen wat et wichteg Verännerungen fir Studenten ginn.

Falls du also eng Fro iwwert den Studium zu Tréier hues oder einfach just wëlls mat aneren Studenten een drénken goen, bass du bei eis un der richteger Stell 😊