Wunnen zu Tréier

Mir wëssen et, dir wësst et! Tréier ass net grad immens wäit ewech vun Lëtzebuerg an vill Lëtzebuerger kommen op Tréier studéieren, well hiren Studiengang op der Uni.lu net ugebueden gëtt an se léiwer pendelen wëllen. Mä et ginn och vill Lëtzebuerger déi eng Wunneng zu Tréier hunn an während hirem ganzen Studium (an och heinsdo dono nach) hei wunnen. Op dëser Stell wëllen mir iech kuerz erklären, wat Virdeeler sinn zu Tréier ze wunnen an och éischt Ulaafstellen weisen fir déi, déi sech op Sich no enger Wunneng zu Tréier maachen.

Wat sinn Virdeeler zu Tréier ze wunnen während dem Studium?

  • Wunnen am Studium

    Alleng wunnen gehéiert einfach zum Studenteliewen dozou. Et leiert een vill wann een alleng wunnt an et leiert een selwer fir vill Saachen Responsabilitéit ze iwwerhuelen.

  • Zäit spueren

    Tréier ass eng Stad mat vill Stau, zemools am Bierg fir erof. All Dag mussen mam Auto ze fueren hellt vill Zäit an et kascht och Geld

  • Keen Stonnenplang wéi an der Schoul

    Am Studium huet een oft “Pausen” an sengem Stonneplang. Zum Beispill huet een Moies vun 10:00 -12:00 Uni an dann räicht am Nomëtten rëm vun 16:00 – 18:00 Auer. Wann een keng Wunneng hei huet muss een dann Woch fir Woch Zäit tëschent den Coursen doutschloen.

  • Tréier richteg kennenleieren

    Déi meeschten Lëtzebuerger kennen just Akafsstroossen vun Tréier, mä eis schéin Stad huet vill méi bidden wéi just dat. Wann een hei wunnt léiert een Tréier vill besser an kennen an entdeckt lauter nei flott Saachen hei.

  • Op den Tour goen

    Rausgoen. Als Student geet een oft eraus an Nuetsliewen zu Tréier ass definitiv méi spannend wei zu Lëtzebuerg. Heinsdo well een dann och eppes drénken an dono soll een logeschweis och keen Auto méi fueren!

Ok Ok, du hues mech iwwerzeecht! Wéi an wou fannen ech dann lo hei eng Wunneng?
Hei sinn e puer Säiten déi dir hëllefen bei der Sich no enger Wunneng:

Facebookgrupp Wohnungsusche Trier:
 https://www.facebook.com/groups/429281523825351/

Studentewunnengen no bei der Uni: http://augustinus-campus.de/

Studentewunnengen no bei der Uni:  http://www.regenbogen-viertel.de/

Online Wunnengsportal:
https://www.immowelt.de/   
https://www.wg-gesucht.de/ 
https://www.immobilienscout24.de/wohnen/rheinland-pfalz,trier/mietwohnungen.html

An wéinegem Véierel soll ech mer eng Wunneng sichen?

Falls de op Uni studéieren gees, ass et am einfachsten och eng Wunneng an der Géigend vun der Uni ze sichen. Falls de op der Héichschoul studéier ass eng Wunneng an der Stad selwer méi einfach.